16.1.2016
Also rechtzeiteg, kuerz iert de Schnei zu Letzebuerg komm as, sin ech jo bekanntlech fortgeflunn.
Ech muss soen et war alles extrem angenehm, ech hun de Fluch bis op Katmandu wierklech genoss, just dei 8 Stonnen warden zu Istanbul waren extrem nerveg, virn allem wann een just 2 Stonne lang Wifi huet.
Hei ukomm, haat, wei keint et mier och anecht passeieren, den Udaya natierlech gemengt ech giff reicht en Daach mei speit kommen.
Nodems deen 7ten Nepales um Flughafen dunn mer ugebueden huet mat sengem Handy ze telefoneieren hun ech esoueen Angebot mol ugeholl an rausfonnt dass do tatsächlech keen Hoken drun as mee d'Nepalesen einfach just fein sin.
Ech guff dunn natierlech direkt oofgeholl an an de Staadtkäer heem bruecht.
D' Beschreiwungen vum Udaya waren net iwwerdriwwen, wierklech immens fein!
Ech hun mech bei hinnen direkt wuel gefillt an mer hun de Programm fir di nächst Deeg geplangt.
Heen kuckt och fir mein Fluch heem op Letzebuerg ze verleen him no as dat kee Problem.
Geschter an haut war ech natierlech och d Stadt selwer erkennegen.
Souvill Kultur hun ech nach nie op engem Koup beieneen gesin.
Mier war bewosst dass Hinduismus an Budhismus hei allseitspresent sin, mee dass et sou intensiv as hätt ech net geduecht. All 10 Meter as iergent een Tempel fir iergenteng Gottheet.
Och hei kann een dei leif Willkommenskultur vun den Nepalesen rem nemmen luewen!
Dei 2 Deeg sin ech mat iergentengem jonken Nepales an d Gespreich komm deen sech dunn spontan bereet erkläert huet mer alles ze weisen an ze erklären, natierlech waren d Buttiker an d Restauranten vun sengen Kollegen emmer di bäscht an ganz Katmandu.
De Verkeier as natierlech och eenzegaarteg, ech als Asia-Greenhorn sin vollkommen faszineiert vun hierem Verkeierssystem, natierlech hun ech och dementsprechend Problemer fir eng Strooss ze iwwerqueren.
Ech hoffen et geet sou weider wei bis elo.
Ajo eppes muss ech nach erwähnen: et as jo schwengsech kaal hei an der Nuecht!
den Dach iwwer kanns de am T-shirt ennerwee sin an Nuets des de ewer den lange Kalzong un!
Majo ech mengen dat war et vun mier, ech mellen mech wann ech rem enkeier Loscht,Zait & eppes Neies ze erzeelen hun.
Mat frendleche Gréiss aus Katmandu,
Tom