- 

- 

Mein Numm ass Michelle Frausing an ech studéiren Humanmedezin am 4ten Joer zu Innsbruck.  

Ech wua an der Summervakanz 2 Meint an Nepal wouvun ech een Mount am Dhulikhel Hospital en Stage gemaacht hun an den zweeten Mount sin ech gereest.  

Nepal Huet mer imens gud gefall. Dat Land huet mech an allen Hinsichten faszinéiert an d’Leit wuaren esou leif dass ech mech zu all moment wuel an secher gefillt hun. Dobei koum dann dat gud Iessen, sou dass ech ouni Problem nach e puer Méint hätt kennen do bleiwen.  

 
 

Mat Nepalimed sin ech an Kontakt komm, duech en Kolleg vun mer, den Tom Sliepen, deen och hei zu Innsbruck Medizin studéiert huet. Heen haat sein Stage am Dhulikhel Hospital iwert Nepalimed organiséiert, während ech iwert d’Uni un dei Adress komm sin.  

 

















 

Ech wua 2 Wochen ob der Station vun der Inneren Medizin an 2 Wochen ob der Dermatologie. Ech wosst net wieklech wat ech erwuaden sollt, mee ech wua positiv iwerascht vun der Ausstattung an vum Personal am Spidol. Vierun allem d’Dermatologie hued mer gud gefall, et wua richteg modern an d’Leit wuaren imens léif mat eis.  

Bei engem Stage an esou engem Land, léiert een natielech komplett aaner Krankheetsbiller an och en aneren Gesondheetssystem kennen, wat ech ganz emmer spannend fannen.  

 
 

Während dem Stage sin mer oft zu puer Weekends entweder ob Kathmandu gefuer oder mer hun keng Ausflich an d’Emgeigenden gemacht. Besonnech gud gefall, huet mer eisen klengen Trip ob Namobuddha, en Diefchen wat bekannt ass vier sein buddhistescht Klouschter. Mer hun do geschloof an mat den Mönchen zesummen giess an duerften och bei hierer Zeremonie dobei sin. Di ganz Atmosphere (trotz oder och wéinst Niwel -> Monsunzeit) huet mech esou faszinéiert, dass ech decidéiert hun no mengem Praktikum eng Woch an en buddhistescht Klouschter zu Kathmandu ze goen. Am „Kopan Monastery“ hun ech also un sou engem Cours deelgeholl wou eng Nonn versicht huet, eis den Buddhismus an d’Meditéiren mei noo ze brengen. Ouni Handy, ouni Bicher an komplett oofgescheed vun der Gesellschaft, mat enger Rei Deeg ouni ze schwetzen, wua dat vie mech perseinlech eng ganz wertvoll Erfahrung. 

No menger Zeit am Klouschter sin ech, wei su zimmlech all Tourist, ob Pokhara gefuer vier trekken ze goen. Ech haat mer den Annapurna Circuit rausgesicht an sin wieklech frou iwert déi Decisioun well esou en Trek einfach eppes ganz Extraes ass. Matzen an der wonnerscheiner Natur léiert een vill iwert sech selwer an et wua eng vun deenen beschten Sachen déi ech bis elo an mengem Liewen gemaacht hun.  

 
 

Merci Nepal, ech wert dech nie vergiessen an secher zréckkommen!