- 

- 

10.2.2016  Halli Hallo :) 

 
 

 

Mir geet et super hei! 

 
 

 

Zum Stage: D’ Dokteren sinn extrem fein an erklären och alles wann een nofreet, mee leider ass den Verstännegungsproblem dach enorm, virum allem mat den Patienten. Den medezineschen All Daach muss natierlech och lafen sou dass et oft virkënnt dass een einfach donieft setzt an net an d’ medezinesch Entscheedunge abezunn ass wei een dat vläicht gären hätt. 

 
 

 

Wat natierlech immens ass, ass dass een hei Krankheeten gesäit di soss an der Welt ausgestuerwen sinn. Lauter Krankheeten déi mer mussen leieren, awer praktesch ni an Europa virkommen (Tuberkulos, Typhoid Féiwer, Schwéngsbandwuerm) sinn hei un der Daags Uerdnung. 

 
 

 

Gëschter hunn ech och den Roshan kenne geleiert, an mat him ausgemat dass ech op 4 Ausse Posten matgeholl ginn wou bei 3 Stéck NepaliMed Lëtzebuerg bedeelegt ass:  

Freideg : Dhading 

Méindeg: Baluwa 

Dënschden: Salambu 

Mëttwoch: Kattike-Deurali 

 
 

 

De Roshan huet mer schonn gesot dass néierens mat bauen ugefange gouf bis lo, mee dass se an 2 Wochen ufänken. ( Genau dann wann ech rëm fort fueren HaHa) 

 
 

 

Een Aalen nepaleseschen Premierminister ass gëschter gestuerwen, dowéinst haten mer haut fräi, dat hunn mer de moien gespuert wéi mer un der zou gespaarter Dier gezunn hunn. Sinn dunn bëssen mat der Kamera iwwert den Terrain vun der Klinik gelaf an hunn e puer interessant Fotoen gemeet déi ech iech doheem weisen. 

 
 

 

D’ Stëmmung hei am Guesthouse vum Sharmila ass Top, hunn mat deenen aneren Studenten leschte Weekend en Ausfluch an de Chitwan gemeet, an och soss ass ëmmer eng lass hei wann mer owes doheem sinn. 

 
 

 

Tom Sliepen, jeune luxembourgeois de 22 ans, étudiant en médecine depuis 2012 à l'université d'Innsbruck,  effectue un volontariat au Dhulikhel Hospital du 1er au 29 février 2016. 

31.1.2016  Tom Sliepen 

 
 

Also di läscht Deeg waren extrem spannend. 

Sin op Pokhara trekken gang. Zu Pokhara huet een richteg gesinn a gespuert wei d Touristen feelen, all d Lokaler hun vill ze grouss dimensioneiert gewierkt an och di lokal Leit hun sech iwwert di ausbleiwend Touristen Suergen gemeet. 

den Trek rop op Ghorepani dierch den Dschungel, a matzen dierch Leopard- an Tigergebiet war genial mee och oft kaal, 2 Deeg war et esou kaal dass ann d Leitungen an den Lodges gefuer waren soudass et guer keen fleisseng Waasser guff. Vum Stoum brauchen mer guernet ze schwätzen, weinst dem ausbleiwenden Reen as mei oft keen Stroum wei dass es as (13h pro Daach gett de Stroum oofgestallt). 

 
 

Um Trek hun ech och eng schwaizer Koppel kennegeleiert mat deenen ech di 3 Deeg nom Trek zu Pokhara och nach verbruecht hun. Duerno as et rem zreck op Katmandu gang. 

 

 

 
 

Sou an haut war main eischten Daach an der Klinik. Zimlech chaotesch dat Ganzt. Deelweis 2 Famillen mat hieren Kand glaichzaiteg am Zemmer fir d Ennersichung. 

Erstaund sin ech vun der Unzuel un Dokteren di um Stack ennerwee sin, fannen dass et der zimlech vill sin fir di Aarbecht di ze machen as. 

Hefteg fannen ech och den extremen Dreck deen souguer an der Klinik iwwerall as, d as wierklech iwwerall stepseg an dreckeg, schwätzen mer och leiwer net vun der Belüftung dei secher iwwerhaapt net dazou baidreit dass deen een oder aneren Keim gudd verdeelt gett. 

Wad mer ewer opfallt as dass zumindest di 2 Dockteren haut bei deenen ech war sech d Hänn extrem oft desinfizeieren, fleicht souguer öfters wei an Europa.  

Dat ganzt geet natierlech haaptsächlech op nepalesech wad fir mech leider keen Viirdeel as mee ech kann ewer meeschtens der Saach follegen.  

 
 

Ech sin gespannt wad nach sou op dech duer kennt an den nächsten 4 Wochen. 

16.1.2016 Tom Sliepen 

 
 

Also rechtzeiteg, kuerz iert de Schnei zu Letzebuerg komm as, sin ech jo bekanntlech fortgeflunn. 

Ech muss soen et war alles extrem angenehm, ech hun de Fluch bis op Katmandu wierklech genoss, just dei 8 Stonnen warden zu Istanbul waren extrem nerveg, virn allem wann een just 2 Stonne lang Wifi huet. 

 
 

Hei ukomm, haat, wei keint et mier och anecht passeieren, den Udaya natierlech gemengt ech giff reicht en Daach mei speit kommen. 

Nodems deen 7ten Nepales um Flughafen dunn mer ugebueden huet mat sengem Handy ze telefoneieren hun ech esoueen Angebot mol ugeholl an rausfonnt dass do tatsächlech keen Hoken drun as mee d'Nepalesen einfach just fein sin. 

 
 

Ech guff dunn natierlech direkt oofgeholl an an de Staadtkäer heem bruecht. 

D' Beschreiwungen vum Udaya waren net iwwerdriwwen, wierklech immens fein! 

Ech hun mech bei hinnen direkt wuel gefillt an mer hun de Programm fir di nächst Deeg geplangt. 

Heen kuckt och fir mein Fluch heem op Letzebuerg ze verleen him no as dat kee Problem. 

 
 

Geschter an haut war ech natierlech och d Stadt selwer erkennegen. 

Souvill Kultur hun ech nach nie op engem Koup beieneen gesin. 

Mier war bewosst dass Hinduismus an Budhismus hei allseitspresent sin, mee dass et sou intensiv as hätt ech net geduecht. All 10 Meter as iergent een Tempel fir iergenteng Gottheet. 

Och hei kann een dei leif Willkommenskultur vun den Nepalesen rem nemmen luewen! 

Dei 2 Deeg sin ech mat iergentengem jonken Nepales an d Gespreich komm deen sech dunn spontan bereet erkläert huet mer alles ze weisen an ze erklären, natierlech waren d Buttiker an d Restauranten vun sengen Kollegen emmer di bäscht an ganz Katmandu. 

 
 

De Verkeier as natierlech och eenzegaarteg, ech als Asia-Greenhorn sin vollkommen faszineiert vun hierem Verkeierssystem, natierlech hun ech och dementsprechend Problemer fir eng Strooss ze iwwerqueren. 

 
 

Ech hoffen et geet sou weider wei bis elo. 

 
 

Ajo eppes muss ech nach erwähnen: et as jo schwengsech kaal hei an der Nuecht! 

den Dach iwwer kanns de am T-shirt ennerwee sin an Nuets des de ewer den lange Kalzong un! 

 
 

Majo ech mengen dat war et vun mier, ech mellen mech wann ech rem enkeier Loscht,Zait & eppes Neies ze erzeelen hun. 

 
 

Mat frendleche Gréiss aus Katmandu, 

Tom